News

NEWS

Mini-Lënster 2018

de SEA Lënster Päiperlék seet MERCI

31-07-2018

Mini-Lënster 2018 war alt nees e vollen Erfolleg an dëst wär ouni déi vill Hëllef vu lénks a riets net méiglech gewiescht, dofir op dësem Wee nach emol e ganz grousse MERCI u jiddereen deen derbäi war!

"Living & working in space"

De Grupp Ritter (SEA-Précoce) vu Buerglënster huet beim Concours "Living and working in space" matgemaach.

02-07-2018

De Grupp Ritter (SEA-Précoce) vu Bourglenster huet beim Concours "Living and working in space" matgemaach. 

An dësem Kader ass e flotten Film entstan un deem de Grupp vu Mäerz bis Juni geschafft huet. 

Am éischten Deel "De Making of" vum Film gesäit een déi ganz Aarbecht am Virfeld.

Den zweeten Deel weist d´Verfilmung vun der Geschicht, déi d´Kanner selwer erfonnt hunn.

25-06-2018

Hei fannt dir eis aktuell Gaplo's Broschür mat e puer Andréck vu Mini-Lënster, dem Summergaplo bei deem et nees heescht "Sommer, Sonne, Kaktus", enger Rees duerch d'Welt mam Gaplo wou mer fill nei Saachen erliewen, dono treffen d'Pummeleinhorn an d'Dinosaurier openeen a wärend dem Gaplo Mobil gi mer op Entdeckungsrees vun de verschiddenen Transportmëttel. Zousätzlech huet sech och e klenge Mini-Lënster Quiz dra verstoppt… also kuckt an d'Broschür an test äert Wëssen ;)

14-06-2018

Hei fannt dir déi aktuell Mini-Lënster Broschür mat eise Sponsoren a Partner, der Projetsbeschreiwung, Fotoen, dem Plang vum Site, esou wéi engem Mini-Logo Molconcours… kuckt eran :)

Loscht mat op Mini-München ze fueren?

vum 12.-17.08.2018

24-04-2018

Wanns du motivéiert bass vum 12.-17.August 2018 mat op Mini-München ze fueren an all eis Konditiounen erfëlls, da mell dech bis de 04.06.2018 mat enger lettre de motivation an déngem CV beim Christian oder Charly.

all wichteg Informatiounen fannt dir hei

oder T: 26 78 26 67, Email: gaplo@paiperlek.lu

http://mini-muenchen.info/

Lënsto Gewënner

09-04-2018

D'Gewënner vum Lënsto Concours 2018 sti fest!!

 

Mir gratuléieren dem Colin Kieffer, dem Sarah & Frank Luis esou wei dem Tiffany Pires a soen hinne MERCI fir hir flott Zeeschnungen. 

Inscription Mini-Lënster 2018

13-03-2018

D'Umeldunge fir Mini-Lënster 2018 sinn ab dësem Freiden, 16.03.2018 um 12:00 iwwert eise Site méiglech!

Iessbongen ML 2018

13-03-2018

D'Gewënner vum Iessbonge Concours/ML 2018 kruten haut hier Kaddo'en iwwerreecht. Bravo un d'Lana a d'Carolina an e grousse Merci u jiddereen dee matgemaach huet!

Spendenaktioun

SOS Village Monde

06-02-2018

Mat hirer Wanteraktioun, dem Käschtegrillen a -verkaafen hunn d'Flick Flack's fläisseg Spende gesammelt déi sie ganz houfreg dem SOS Village iwwerginn hunn.

SEA Inclusiounsprojet 2017

Et ass gutt dass du anescht bass wei ech

29-08-2017

Hei fannt dir de flotte Video deen eise Summerprojet 2017 zum Thema Inclusioun/Diversitéit zesummefaasst... well schlussendlech ass et gutt dass du anescht bass wéi ech!

1 / 1

Please reload

© 2017 by Lënster Päiperlék ASBL / 20, rue du Village L-6140 Junglinster

SEA Lënster Päiperlék  /   info@paiperlek.lu   /  T: +352 26 78 26 67   /   F: +352 26 78 26 68