top of page

News

NEWS

D'Geschichteposch am SEA Päiperlék

Projet Geschichteposch - Ee Film mam Pipo

Mini-Lenster 2020

05-04-2020

LU

Op Grond vun der momentaner Situatioun an der gesamter Entwécklung vun der Corona-Kris, mussen mir Iech matdeelen, dass mir Mini-Lënster leider fir dëst Joer ofsoen mussen.

___________________________________________________________________

FR

A cause de la situation actuelle et du développement du Covid-19, nous devons vous informer que malheureusement, nous devons annuler Mini-Lënster pour cette année.

___________________________________________________________________

ENG

Because of the present situation and the development of the Coronavirus crisis, unfortunately we have to cancel Mini-Lënster for this year.

Adventure@Lënster Broschür

+ Summerprojet 2019

15-05-2019

​Hei fannt dir déi aktuell Adventure@Lënster Broschür mat der Projetsbeschreiwung, wichtegen Informatiounen, dem Plang vum Site an e weidere Summerprojet mam Thema "Sou vill Faarwen wéi de Reebou huet" fir de Cycle 1.1-2.1* (*Rentrée 2019/20)

Inscription Adventure 2019

11-04-2019

LU

D'Aschreiwung fir "Adventure@Lënster 2019" ass ab dem 23.04.2019 nëmmen iwwert eisen Internetsite méiglech. Bei Froen a weideren Informatiounen kent dir op den +352 26 78 26 67 uruffen oder en Email op adventure@paiperlek.lu schécken.

___________________________________________________________________

FR

L'inscription pour "Adventure@Lënster 2019" sera disponible uniquement sur notre site internet et ceci à partir du 23.04.2019. N'hésitez pas à nous contacter soit par téléphone au +352 26 78 26 67, soit par mail au adventure@paiperlek.lu 

___________________________________________________________________

DE

Die Anmeldung für "Adventure@Lënster 2019" ist ab dem 23.04.2019 nur über unsere Internetseite möglich.

Bei weiteren Fragen können Sie uns telefonisch unter +352 26 78 26 67 oder per Email adventure@paiperlek.lu kontaktieren.

-> INVITATIOUN <-

D'Lënster Päiperlék asbl stellt sech fir

11-03-2019

Mir invitéieren all Interesséierten op eisen Infosowend:

Wéini: Méinden, den 1. Abrëll 2019 um 19:15

Wou: am Centre Culturel zu Jonglënster

Bëschbotzaktioun 2019 vun de Geparden

25-02-2019

Mëttwochs, den 20. Februar 2019 sinn eng Rei Kanner vun de Geparde bei guddem Wierder an de Bësch gaangen.

Kaum ukomm, hunn déi éischt ouni Opfuederung ugefaangen Dreck am Bësch ze sammelen. Den aktive Grupp krut ëmmer méi Bedeelegung an och ech hu mech dunn mat de Kanner zesumme geschloss vir verstäerkt no Dreck ze sichen. Datt den Offall net an de Bësch gehéiert huet sech vum selwe verstanen, mee datt mir duerch eis Aktioun och ënner Ëmstänn Déireliewe retten, war villen net bewosst.

Voller Energie a Motivatioun hu mir eis fir Fauna & Flora agesat an alles wat mer fonnt hunn op eng Sammelplaz bruecht. Zeréck am SEA Päiperlék, hunn Kanner dem Roland Bock vun der Lënster Gemeng ugeruff a gefrot op hien mat senger Equipe den Dreck kéint ofhuelen a konform entsuergen. Ouni ze zécken huet hien agewëllegt an alles fortbruecht. Villmools Merci!

D'Kanner hunn festgeluecht, datt mir fir Zukunft den 20. Februar als Bëschbotzdag am Päiperlék festhalen a biede jiddereen drëm op eis Natur opzepassen andeems se hiren Dreck richteg entsuergen!


Merci 

Geparden & Carmen

Gutt Drop Programm 2019

Programm & Inscription

11-02-2019

De Programm vum Gutt Drop fir de Februar-September 2019 sou wéi d'Umeldung fannt dir ab dem 15.02.2019 just nach ONLINE hei ob eisem Site.

Spendenaktioun

Chèqueiwwerreechung

06-02-2019

Mat hirer Wanteraktioun, dem Verkafe vu Kuch a Selwergemaachtem hunn d'Flick Flack's och dëst Joer nees fläisseg Spende gesammelt. Den Erléis ass dës Kéier un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gang. 

Adventure@Lënster 2019

Inscription

02-02-2019

Dëst Joer ass den Adventure@Lënster nees, an dat vum vum 15.-26.Juli 2019 zu Jonglënster an Eechhëlz! D'Umeldungen heifir sinn ab Abrëll iwwert eises Site méiglech. Weider Infoen zum Projet an Andréck vun de leschte Jore kann een hei fannen.

INFO ELTEREN

INFO PARENTS

10-12-2018

Hei fannt dir en Infobréif iwwert d'Restructuratioun vum GAPLO. Veuillez trouver ci-joint une lettre informative concernant la restructuration du GAPLO.

Winter Wonderland

Gaplo

20-11-2018

De Gaplo vum 27.12.2018-04.01.2019 "Winter Wonderland" fir de Cycle 1.1-2.1 ass COMPLET!

Merci fir äert Versteesdemech!

1 / 1

Please reload

bottom of page